Amicale

Zurzeit setzt der Vorstand sich wie folgt zusammen: Président: Jo Geraets Vice-président: Robert Braquet Sécretaire: Malou Thilmann Kasssenwart: Guy Düsseldorf Membres: Agny Urbany André Bernardo Jean-Paul Schmiz Nancy Folschette Nicolas Strotz Marc Becker Marc Winckel Michèle Schram Micheline Kiessel Mike Diederich

En ale Réimecher Scout erennert sech:

Wann ee jonk as an ‘t gleewt een un een Saach, da kann ee munches realiséieren a fäerdeg bréngen. Esou wor et is jonge Leit gaange, wéi mir voll Begeeschterung am Joer 1947 is getraff hu fir zu Réimech Scouten ze grennen. Dee Muvement, deen dei Zait a vollem Essor wor, huet nach zu Réimech gefeelt. Een Chance fir is wor et deemols, datt mir e Kaploun haten, den Här Alphonse ERNZER, dee mat zwou Hänn ugepaakt huet, fir e Grupp op d’Been ze kréien.
Jong Réimecher Borschten, de Robert GITZINGER, Antoine RISCH, Roby GOERGEN, Théo MASSARD an ech selwer sin den 21. Oktober 1947 zesumme komm an hu verséicht, nach aner jong Leit fir éise Muvement ze interesséieren. Di Reimecher hu jo éen gewess Litegkeet fir eppes op d’Been ze setzen, a lues a lues huet sech e Kär forméiert fir ze probéieren, zu Réimech dem BADEN-POWELL sein Ideen duerch ze setzen. Et wor jo eppes ganz Neies an dofir hu jo di jong Verantwortlech sech drugin, a Couren beséicht fir sech an di nei Matière eranzeschaffen. Et wor alt net emmer lit, fir sech als jong bestuete Mann doheem fräi ze maachen, fir auswäerts an d’Schoul ze goen. Als jonge Borscht hat een déi Zäit nach keen Auto an et huet ee misse mam Jangeli fuere fir op d’Plaz ze kommen.
Mee ech muss soen, ech perséinlech hat et alt mei lit, well mein Fra joerelaang Guidecheftaine zu Esch wor a mech voll a ganz an där Entreprise ennerstetzt huet. Lues a lues huet éise Muvement ze Réimech Formen ugeholl an éis Trupp huet sech op ege Féiss gestallt mat der gouder Hellef vum demolege Commissaire Fränz SCHROEDER vu Gréivemaacher.
Den 12. Dezember 1947 konnte mir di 1. Truppeversammlung am Home ofhale mat 19 Scoutkandidaten, déi an 3 Patrullen agedeeft woren. Den 11. Januar 1948 gin all Chef op de Chefcours an d’Stad a leen do hiert Verspriechen of.
De 16. Januar 1948 as Chefsetzung am Home. Um Programm steet:
Festsetzung vun der Hierarchie vun de Réimecher Scouten.
Hei d’Resultat:

Sectiounsmaster: FRIEDERICI Lucien
Assistentsectiounsmaster: GITZINGER Robert
Scoutmaster: RISCH Antoine
Assistentscoutmaster: RITTER René
1. Patrullechef: MASSARD Théo
2. Patrullechef: GOERGEN-Roby
Aumônier: abbé ERNZER Adolphe

Mir haten och d’Chance elei zu Réimech goud Leit ze fannen, déi is ennerstetzt hun. Esou konnt is Trupp, dei sech no dem Réimecher Hellegen Saint Cunibert genannt huet, op dem éischte Camp op der Insel zu Remrschen deen neie Fändel aweien. D’Madame Nic. THILL-URWALD wor Giedel an den Här Armand HEDO wor Pätter.
Mir kruten d’Erlaabnis di eischt Verammlung an der aler Gerwerei am Burewee ofzehalen. Déi néideg Raimlechketen hate mir selwer astand gesat. Spéider hu mir is mat ener gewesser Somm Geld an deem neie Veräinshaus bei der Kiirrech akat an hun do en Zemmer agerit fir is Verammlungen.
Is Aktiviteiten wore gruss wat de Scoutismus ubelaangt. A wéi et déi Zäit üblech wor, hu mir is un de Lokalfestivitéiten bedélegt. Ganz houfreg si mir mat éisen neien Uniformen matmarschéiert. ViII vun ise Membere woren déi Zäit bei de Massendéiner, an der Musek an am Gesang, esou datt mir is alt erou goud ewéi et gaang as opgedeelt hun.
D’Begeeschterung wor nach iwerall ganz gruss. Un éise Generalkommuniounen, un de Feierdég hu sech all Scoute bedélegt. Mir kruten emmer méi nei Memberen an et sin der och emol eweg bliwen, déi d’Flemm haten. Mat de Studente wor et déi Zäit e besche méi schwiereg, well déi deemols meeschtens an eem Internat woren a nemmen e puermol am Joar heem komm sin.
Is Patrullen hate flott Nimm, dei an is Géigend gepasst hun:
Rär, Schwan, Méiw, Well lnt.
Mir hun ausser éise Scoutsaktiviteiten Theater gespilIt am démolege SaIl GRETSCH-KOENIG fir zu Suen ze kommen, och hu mir Louse vun der Nationallotteri verkat.
Ech well nach ganz kuerz un éis éischt Camp’en erenneren. Den éischte Camp wor net wäit eweg, e wor op Buschland, wou déi Zäit nach keen Cité wor. Dono e grusse Camping zu Berdorf. Mir hun is och an d’Ausland gewot, op Luzern an der Schwäiz, op Nice.
Fir mech wor et een ganz schéin a léierräich Zäit, voller Frendschaft mat jonge Leit. An de Berichter vun där Zäit hun ech elo gelies, datt de Sectiounsmaster, nodem datt an der FamilI deen zweete Puppelchen op d’Welt komm as, gefrot huet, fir kenne bei de Scoute méi lues ze treppelen. Et as em awer scheinbar net ganz gelongen.
Mir hate vilI Freed zesummen, hu munchmol missen e besche kämpfen ewéi dat dann üblech as fir op de Been ze bleiwen. Mee déi Zäit, wou mir zesumme woren, wor et schéin, ganz schéin an ech wenschen dene jonge Guiden a Scouten all Goudes fir d’Zukunft an drecken hinnen d’lénks Patt ganz fescht.

FRIEDERICI Lucien
Réimech
(aus: 30 Joer Réimecher Guiden a Scouten, 1995)