CaraPio

14 bis 17 Joer

Versammlung: Samschdes vu 10.00-11.45

am Scoutshome St. Cunibert zu Réimech

CaraPio as d´Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëscht 14 a 17 Joër. Am Verband vun den LGS gin et zur Zäit 60 CaraPio-Truppen, mat 637 Jugendlechen an 198 Cheftainen a Chef. An dene meeschten Truppen schaffe Meedercher a Jongen zesummen, et gin awer och nach eenzel Caravellen- a Pionéiertruppen.

D´CaraPio treffe sech eemol d´Woch an enger Versammlung fir zesummen flott Aktivitéiten z´organiséieren an duerchzeféieren. Ganz vill Wäert gët geluecht op d´Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéien vun den Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d´Matverantwortung an d´Engagement grouss geschriwwe gin. Wat mir erliewen? De Startschoss fir e neit Joër as ëmmer d´Montée, wou déi nei CaraPio an d´Trupp opgeholl gin. Am Laf vum Joër gin dann en ettlech Weekender zesumme geplangt an iergendwou am In- oder Ausland, am Chalet oder Zelt ofgehal. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoër as awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland as

  • Kenneléiere vu frieme Länner, Kulturen a Liewensbedingungen
  • Knëppe vun internationale Frëndschaften
  • Abenteuer erliewen, sech trauen, Erfahrunge maachen
  • am Grupp liewen an zesummen eng lass maachen
  • d´Natur a sénge Verschiddenheeten erliewen

Grenzen iwwerwannen: ´Fuer duer´ ass de Sproch vun de CaraPio
organiséiert eppes, maacht eppes, start eng, zesumme mat äre Frënn.