Avex

11 bis 14 Joer

Versammlung: Samschdes vu 10.00-11.30

am Scoutshome St. Cunibert zu Réimech

AvEx as d’Ofkierzung vun Aventuren an Explorer, dat sin Jugendlecher , Meedecher an Jongen, tëschent 11 a 14 Joer. Am Verband vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten gin et zur Zäit 55 AvEx-Truppen verdeelt duerch d’ganz Land, mat 899 Jugendlechen an 249 Cheftainen a Chef. An dene meeschten Truppen schaffe Meedercher a Jongen zesummen, et ginn awer och nach eenzel Aventuren- a Explorertruppen. AvEx treffen sech regelmeisseg, 1 mol an der Woch fier eng Versammlung ze maachen. AvEx maachen Expeditiounen dei iwwer mei Versammlungen daueren, ewei z.Bsp. mam Thema : Natur, Ritter, Fuesend,… AvEx maachen och normalerweis all Trimester ee Weekend an engem Chalet, meechtens als Oofschloss vun enger Expeditioun. AvEx schleissen hiert Guiden- a Scoutsjoer mat engem groussen Camp, wou se dann an Zelter schlofen.