Biber

Cycle 2.1 bis 8 Joer

Versammlung: Samschdes vu 14.30-16.30

am Scoutshome St. Cunibert zu Réimech

Biber, daat ass d’Branche vun de jéngste Lëtzebuerger Guiden a Scouten. D’Biber riichte sech u Kanner vu 6 bis 8 Joer, déi op d’mannst am Cycle 2.1 sinn.

An der Bibermethod wëlle mir de Kanner d´Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do as, de Respekt fir deen aneren a fir dNatur méi no bréngen. D´Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesumme liewen begeeschtert gin a mir wëllen déi fir d´Kanner typesch positiv Astellung ënnerstëtzen. D´Kanner sollen an hirer Entwécklung gestäipt gin, si solle léieren sech auszedrécken. Si erliewen dass mir all zu enger grousser Famill gehéieren, dass mir all d´selwecht sin, och wa mir aner Kulturen, aner Reliounen, eng aner Sprooch oder eng aner Hautfaarf hun. Wéi d´Biber an der Natur, léieren d´Kanner hiirt Ëmfeld ze erfaassen an erliewen d’Schéinheete vun der Natur ouni awer d´Geforen ze ignoréieren.

D´Haaptelementer fir de Kanner d´Bibermethod méi no ze bréngen sin d´Bibergeschicht, d´Kniwwel an d´Spill. Mat enger klenger Geschicht gin d´Kanner an d´Thema agefouert. Duerch d’Kniwwel sollen d´Kanner hir eegen Talenter entdecken a mat verschiddene Materialie Bekanntschaft maachen. Et geet nët drëm, dass d´Kanner alles fäerdeg bréngen a kleng Konschtwierker schafen. Villméi solle si hir Fähegketen ausprobéiere kënnen. Duerch d´Spill kënnen d´Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem Ëmfeld an hirer Ëmwelt auserneesetzen.

D´Biber treffe sech regelméisseg fir hir Biberversammlungen. Doniewt maache si Sortien,  Weekender vun enger oder zwou Nuechten. Den Héichpunkt vum Scoutsjoër as de Summercamp mat 3 Nuechten.