Grupp

En ale Réimecher Scout erënnert sëch:

Wann ee jonk as, an ‘t gleewt een un een Saach, da kann ee muenches realiséieren a fäerdeg bréngen. Esou woar ët iis jonge Leit gaang, wéi mir voll Begeeschterung am Joar 1947 iis getraff hu fir zu Réimech Scouten ze grënnen. Dee Mouvement, deen déi Zäit a vollem Essor woar, huet nach zu Réimech gefeelt. Een Chance fir iis woar ët deemols, datt mir e Kaploun haten, den Här Alphonse ERNZER, dee mat zwou Hänn ugepaakt huet, fir e Grupp op d’Been ze kréien.

Jong Réimecher Borschten, de Robert GITZINGER, Antoine RISCH, Roby GOERGEN, Théo MASSARD an ech selwer sin den 21. Oktober 1947 zesumme komm an hu verséicht, nach aner jonk Leit fir éise Mouvement ze interesséieren. Di Réimecher hu jo een gewëss Litegkeet fir eppes op d’Been ze setzen, a lues a lues huet sëch e Kär forméiert fir ze probéieren, zu Réimech dem BADEN-POWELL sein Ideen duerch ze setzen. Et woar jo eppes ganz Neies an dofir hu jo di jonk Verantwortlëch sëch drugin, a Couren beséicht fir sëch an di nei Matière eranzeschaffen. Et woar alt nët ëmmer liit, fir sëch als jonk bestuete Mann doheem fräi ze maachen, fir auswäerts an d’Schoul ze goen. Als jonge Borscht haat een déi Zäit nach keen Auto an ët huet ee misse mam Jangeli fuere fir op d’Plaz ze kommen.

Mee ech muss soën, ech perséinlech haat ët alt méi liit, well mein Fra joarelaang Guide-Cheftaine zu Esch woar a mech voll a ganz an där Entreprise ënnerstëtzt huet. Lues a lues huet éise Mouvement zu Réimech Formen ugeholl, an éis Trupp huet sëch op eege Féiss gestallt mat der gouder Hëllef vum deemolege Commissaire Fränz SCHROEDER vu Gréivemaacher.

Den 12. Dezember 1947 konnte mir di 1. Truppeversammlung am Home ofhale mat 19 Scoutkandidaten, déi an 3 Patrullen agedeelt woren. Den 11. Januar 1948 gin all Chef op de Chefcours an d’Stad a leën do hiert Verspriechen of.

De 16. Januar 1948 as Chefsetzung am Home.

Um Programm steet: Festsetzung vun der Hierarchie vun de Réimecher Scouten.

Hei d’Resultat:
Sectiounsmaster:                   FRIEDERICI Lucien
Assistentsectiounsmaster:   GITZINGER Robert
Scoutmaster:                          RISCH Antoine
Assistentscoutmaster:          RITTER René
1. Patrullechef:                       MASSARD Théo
2. Patrullechef:                       GOERGEN-Roby
Aumônier:                               abbé ERNZER Adolphe

Mir haten och d’Chance elei zu Réimech goud Leit ze fannen, déi iis ënnerstëtzt hun. Esou konnt iis Trupp, déi sëch no dem Réimecher Hellegen, Saint Cunibert, genannt huet, op dem éischte Camp op der Insel zu Remerschen deen neie Fändel aweien. D’Madame Nic. THILL-URWALD woar Giedel an den Här Armand HEDO woar Pätter.

Mir kruten d’Erlaabnis di éischt Versammlung an der aler Gerwerei am Burewee ofzehalen. Déi néideg Raimlechkeeten hate mir selwer astand gesat.

Spéider hu mir iis mat eener gewësser Somm Geld an deem neie Veräinshaus bei der Kiirech akaat an hun do en Zëmmer ageriit fir iis Versammlungen.
Iis Aktivitéiten woare gruss wat de Scoutismus ubelaangt. A wéi et déi Zäit üblech woar, hu mir iis un de Lokalfestivitéiten bedeelegt. Ganz houfreg si mir mat éisen neien Uniformen matmarschéiert. ViII vun ise Membere woaren déi Zäit bei de Massendéiner, an der Musék an am Gesang, esou datt mir iis alt esou goud ewéi et gaang as, opgedeelt hun.

D’Begeeschterung woar nach iwerall ganz gruss. Un éise Generalkommuniounen, un de Feierdeeg hun sëch all Scoute bedeelegt. Mir kruten ëmmer méi nei Memberen an ët sin der och emol eweg bliwen, déi d’Flemm haten. Mat de Studente woar et déi Zäit e bësche méi schwiereg, well déi deemols meeschtens an eem Internat woaren a nëmmen e puer Mol am Joar heem komm sin.

Iis Patrullen hate flott Nimm, déi an iis Géigend gepasst hun: Rär, Schwan, Méiw, Well lnt.

Mir hun ausser éise Scoutsaktivitéiten Theater gespilIt am deemolege SaIl GRETSCH-KOENIG fir zu Suen ze kommen, och hu mir Louse vun der Nationallotterie verkaat.

Ech wëll nach ganz kuerz un éis éischt Camp’en erënneren. Den éischte Camp woar nët wäit eweg, e woar op Buschland, wou déi Zäit nach keen Cité woar. Dono e grusse Camping zu Berdorf. Mir hun iis och an d’Ausland gewot, op Luzern an der Schwäiz, op Nice.
Fir mëch woar et een ganz schéin a léierräich Zäit, voller Frëndschaft mat jonge Leit. An de Berichter vun där Zäit hun ech elo gelies, datt de Sectiounsmaster, nodem datt an der FamilI deen zweete Puppelchen op d’Welt komm as, gefrot huet, fir kënne bei de Scoute méi lues ze treppelen. Et as em awer scheinbar nët ganz gelongen.
Mir hate vilI Freed zesummen, hu munchmol missen e bësche kämpfen ewéi daat dann üblech as fir op de Been ze bleiwen. Mee déi Zäit, wou mir zesumme woaren, woar ët schéin, ganz schéin an ech wënschen deene jonke Guiden a Scouten all Goudes fir d’Zukunft an drecken hinnen d’lénks Patt ganz fescht.

FRIEDERICI Lucien
Réimech

(aus: 30 Joer Réimecher Guiden a Scouten, 1995)