Léif Biber, Léif Cheftainen a Cheffen,

 

De Réimecher Grupp freet sech, Iech op den nationale Bibertreff 2023 z´invitéieren.

 

De Bibertreff wäert dëst Joer Samschdes, den 10. Juni 2023 zu Réimech beim Scoutshome stattfannen.

Start ass zwëschen 9h00 an 10h00 an de gemeinsame Schluss um 16h30.

Transport: 

Wëll mir ons bewosst sinn, dass Réimech fir vill Gruppen net grad em den Eck läit, organiséieren mir 2 Navetten dei Iech Moies ob Réimech brengen an Owes erëm heem.

 

Ons Navetten wärte folgend Strécke fueren:

1. Dikrech – Ettelbréck – Miersch – Walfer – Sandweiler – Réimech

2. Péiténg – Déifferdeng – Esch – Diddeleng – Réiser – Duelem – Réimech

 

All aaner Uertschaften, déi op dëser Streck leien, kennen och ugefuer ginn.

 

Vun der Stadt, vu Beetebuerg a vu Gréiwemaacher aus ass Réimech ganz einfach mam ëffentlechen Transport z´erreechen. Hei kënne mir Iech de genaue Fuerplang noo der Umeldung zoukomme loossen. Klickt hei w.e.g. un, dass dir den organiséierten Transport notze wellt, mir mellen eis da mat weideren Détailer bei Iech

 

Parking: 

Um Parking CEFOS (rue du Chateau) stinn gratis Parkplaazen zur Verfügung, vun hei aus sinn et 3 Minuten ze fouss bis bei de Chalet.

 

Präis:

15€ pro Kand
10€ pro Cheftaine/Chef

 Am Präis ass den Transport souwéi 1 Mëttegiessen (Fritten oder Grillwurscht) an 1 Dessert (Eisekuch mat Zocker) pro Persoun inclus.

 

Iessen an Drénken: 

Fir Iessen an Drénken ass de ganzen Dag iwwer beim Scoutschalet gesuergt.

Am Präis vum Bibertreff ass 1 Mëttegiessen (Fritten oder Grillwurscht) an 1 Dessert (Eisekuch mat Zocker) pro Persoun inclus.

De ganzen Dag iwwer verkaafe mir Gedrénks (BioG Orange Acerola, BioG Bitter Lemon a BioG Apfelschorle) sur place, och de Grill wäert iwwert de ganzen Dag funktionnéieren. Denkt also w.e.g. drun ggbf. Boergeld matzebréngen. Et besteet och d’Méiglechkeet, via Payconiq oder Kreditkaart ze bezuelen. 

 

Waasser steet de ganzen Dag gratis un eiser Waasserstell zur Verfügung, denkt w.e.g. un Äre Bidon.

 

Umeldung:

Umelle kënnt Dir Är Biberfamill iwwert de Formulaire hei drënnert.

Deadline ass Freides, den 12. Mee 2023 

 

Mir freeën ons Iech zu vill bei ons begréissen ze kënnen!

 

Bei Froe kennt dir Iech gäere per Mail u wibi@remich.lgs.lu bei eis mellen

 

Mat beschte Guide- a Scoutsgréiss,

Chefekipp vu Réimech