Iwwert déi läscht Joren ass de Wonsch fir mol nees Theater ze spillen ëmmer nees opkomm an dofir soll et elo nees esou wäit sinn:

D´Réimecher Guiden a Scouten wëllen am nächste Scoutsjoer (2018/2019) nees Theater spillen.

Fir dëst elo ze lancéiere ass dësen Méindeg, 14. Mee 2018 um 19h00 eng Versammlung am Scoutschalet. Hei kann a dierf jiddereen dee Loscht huet sech ze engagéieren hikommen an un dësem Projet matschaffen. Sief dëst op der Bühn, hannert de Kulissen oder Buvette asw.