Léif Frënn vun de Réimecher Guiden a Scouten,
Wéi verschidde Leit bestëmmt schonn héieren hunn organiséiere mir, de Réimecher Grupp St. Cunibert, dëst Joer den nationale Wëllefchersrallye fir Kanner tëscht 8 an 11 Joer.
Dëse Rallye wäert Sonndes, den 28. Mee 2017 zu Réimech an der Cité Buschland stattfannen (Bei a ronderëm eise Scoutschalet)
Vu dass mir eis fir den Dag ongeféier 600 Kanner an 150 Cheffen erwaarde si mir op DENG Mathëllef ugewisen.
Mir sinn op der Sich no Mataarbechter a verschiddene Beräicher fir eis Ekipp den Dag vum Rallye z´ënnerstëtzen.
Selbstverständlech wäerte mir Iech den Dag vum Rallye mat Iessen a Gedrénks versuergen an all Mataarbechter kritt och en T-Shirt vun eis den en duerno behale kann
Hei fannt dir de Bréif mat weideren Informatiounen.
Gäre kennt dir dës E-mail och un Kollegen/Bekannte weiderginn, mir freeën eis iwwert all Hëllef
Verbréngt e flotten an onvergiesslechen Dag mat eis zu Réimech 🙂
An der Hoffnung dass mir op är Hëllef beim Wëllefchersrallye den 28. Mee 2017 zu Réimech ziele kenne verbleiwe mir,
Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
Grupp Saint Cunibert Réimech