Léif Cheftainen a Chef,

Wéi dir villäicht schonn um Chefdag héieren hutt, fënnt dëst Joer de Wëllefchersrallye den 28. Mee 2017 zu Réimech statt.

D´Maskottchen vum Réimecher Grupp, de Cuni, ass bei engem vu senge Versich duerch d´Zäit ze reesen hänke bliwwen a brauch är Hëllef fir erëm an d´Joer 2017 zréck reesen ze kennen.

Mir sinn op är Hëllef ugewisen fir em Cuni seng Zäitmaschinn ze flécken.

Dofir mellt Iech w.e.g. bis spéitstens de 17. Februar un

Hei fannt dir de Bréif souwéi den Umeldungsformulaire (https://remich.lgs.lu/wellefchersralye)

Mir hoffen Iech alleguer den 28. Mee 2017 zu Réimech ze gesinn

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

Grupp Saint Cunibert Réimech