De Schäfferot vun der Stad Réimech, an Zesummenaarbecht mam Jousefshaus, invitéiert all seng Bierger a Veräiner fir un de Feierlechkeeten um Virowend vu Nationalfeierdag deelzehuelen.

Och mir als Scouten sinn hei vertrueden, dofir fannt dir hei den entspriechenden Programm :

Mëttwoch – 22.06.2016

  • 18h15 Mir treffen eis bei der Kierch zu Réimech
  • 18h30 Te Deum an der Dekanatskierch
  • 19H00 Depart vum Cortège an der rue de la Gare a Richtung Gemeng
  • 19H15 Usprooch vum Buergermeeschter
  • Géint 19H30 Cortège an d‘Jousefshaus
    Concert Aperitif offréiert vun der „Harmonie Municipale Concordia Remich“ a Volleksfest bis 23H00

Bei schlechtem Wieder gëtt d’Usprooch och am Jousefshaus gemaach.

Mat beschte Guiden a Scoutsgréiss