Wéi schonn an der leschter Newsletter ugekënnegt ass eisen Gréin dëst Joer den Weekend vum 18. a 19. Juni.

De Gréin ass een vun eisen gréissten Aktivitéiten welchen och fir eis finanziell Situatioun am Veräin immens wichteg ass. Heimatter kënnen mir d’Käschten vun aneren Aktivitéiten fir är Kanner (Sortien, Weekender asw.) méi kléng halen. Dofir sinn mir awer op är mathëllef ugewissen.

Sief dat am Virfeld beim Opriichten, den Weekend selwer andeems dir déi eng oder aner vun den Chargen iwwerhuelt oder no Weekend beim Ofriichten.

Am Unhang fannt dir den entspriechenden Informatiouns a Umeldungsziedel.

Breiw Grein 2016 [DOCX]

Breiw Grein 2016 [PDF]

Dir kritt awer och weider Informatiounen op eisem Elterenowend vum 15.Mee