D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn an de meeschten Uertschaften duerch lokal Gruppe vertrueden.

Zu Réimech bidden eis forméiert Cheftainen a Chef vum Grupp Saint Cunibert de Kanner a Jugendlechen eng Rei flott Aktivitéiten un.
All lokale Grupp ass a verschidde Branchen (Altersgruppen) agedeelt, sou datt d’Aktivitéiten dem jeweilegen Alter ugepasst sinn. Dëst sinn:

  • Biber – Kanner am Alter vu 6 bis 8 Joer, déi op d’mannst am 1. Schouljoer sinn
  • Wëllefcher – Kanner am Alter vun 8 bis 11 Joer
  • AvEx – Kanner, tëschent 11 a 14 Joer
  • CaraPio – Jugendlecher, tëscht 14 a 17 Joer
  • RaRo – Jugendlecher vu 17 bis 23 Joer
  • Albatrossen – Erwuessener vu 23 bis 100 Joer
  • Amicale – Frënn vun de Réimecher Guiden a Scouten, Alter geheim

De Grupp huet awer och all Joers eng Rei gemeinsam Aktivitéiten vun all de Branchen, wéi zum Beispill:

Adventsverkaaf, Buergbrennen, Theater, Wisefest, …

All Joers am Oktober, ass dann d’Montée, wou déi Kanner/Jugendlech, déi ze al si fir eng Altersbranche, musse weise wat si ‘geléiert’ hunn, éier si dann an déi Altersstuf driwwer opgeholl ginn.

All Branche huet während dem Joer nach déi eng oder aner Sortie an Ausflich, awer och Weekender. Um Enn vum (Scouts-) Joer steet dann ëmmer de Summercamp um Programm, dee souwuel hei am Land, wéi och am Ausland ka sinn.

Mir hoffen dass mir Iech mat dësem Site eise Grupp e bësse besser kënne virstellen, an dass mer villäicht deen een oder aneren virwëtzeg gemaach hunn fir mol bis luussen ze kommen.

D’Cheféquipe vum Grupp Saint Cunibert Réimech